Bal 30km/h ze séierMam Vëlo geblëtzt - och dat kann deier ginn

Céline Spithoven
E Cyclist gouf an Däitschland mat 59 km/h an enger 30er-Zon geblëtzt. Kënnen och Vëlosfuerer zu Lëtzebuerg fir ze héich Vitess bestrooft ginn?
Dëse Vëlosfuerer an Däitschland ass mat 59 km/h an enger 30er Zone geblëtzt ginn.
Dëse Vëlosfuerer an Däitschland ass mat 59 km/h an enger 30er Zone geblëtzt ginn.
© Polizei Märkischer Kreis

E Vëlosfuerer an Nordrhein-Westfalen huet dës lescht fir Opreegung gesuergt. An der Gemeng Nachrodt-Wiblingswerde ass hie vun engem Radar geblëtzt ginn an hat ganzer 59 Kilometer d’Stonn um Radar an dat an enger 30er Zon direkt nieft enger Schoul. Dat ass bal duebel esou séier wéi erlaabt a méi, wéi déi meeschten Autosfuerer bei dëser Kontroll drophaten, schreift déi däitsch Police vum Märkischer Kreis. An awer hat dës Infraktioun keng direkt Konsequenzen: De Vëlo huet jo keng Plackennummer. An ouni Identifikatioun vum Fuerer, kann d’Police keng Strof verhänken. Dëse Fall bei eisen däitschen Noperen huet d’Fro opgeworf, wéi dëst zu Lëtzebuerg gehandhaabt gëtt a léif Cyclisten opgepasst: De Code de la route gëllt och fir iech. Esou ass et am Gesetz festgehalen.

Selwecht Vitess fir all Gefierer

Am Lëtzebuerger Code de la route gëtt de Vëlo als “cycle” definéiert, also als Gefier dat mat Muskelkraaft ugedriwwe gëtt. Juristesch gesinn ass e Cyclist also e Participant am Verkéier, fir deen déi selwecht Grondreegele gëllen. Dat betrëfft och d’Vitesslimitatiounen. An enger 30er-Zon dierfen Autoen, Bussen, Motorrieder an och Vëloen net méi séier wéi 30 fueren, dat selwecht an der Uertschaft, wou 50 erlaabt ass.

Wéi gesinn d’Strofen aus?

De Code de la route gesäit fir Vitess-Iwwerschreidungen eng Rei Sanktioune vir. An enger Uertschaft kann eng méi grouss Iwwerschreidung zum Beispill zu enger Geldstrof féieren an deemno wéi héich d’Iwwerschreidung, kann een och Punkte verléieren. Wichteg dobäi: de Punktesystem bezitt sech op d’Persoun, net op d’Gefier. Theoretesch kéint also och e Cyclist Punkte verléieren, wann en eng Infraktioun mécht, fir déi esou eng Sanktioun virgesinn ass. Bei de Vëlosfuerer happert et awer dacks un der Ëmsetzung.

Radar a Vëlo: D’Grenze vum System

Automatesch Radaren identifizéieren de Verstouss iwwer d’Nummereschëld vum Gefier. D’Vëloen hunn an der Reegel awer keng Plackennummer, wat d’Identifikatioun vum Cyclist dacks onméiglech mécht. Dëse gëtt also geblëtzt, kann awer net sanktionéiert ginn, well et de meeschte Fäll net gewosst ass, wien um Vëlo souz. Do kënnt de Cyclist ouni Strof dovun. Anescht ass et, wann de Vëlosfuerer direkt vun der Police gepëtzt gëtt. Hei gëtt d’Identitéit op der Plaz ermëttelt an de Vëlosfuerer riskéiert déi selwecht Sanktioune wéi all aner Gefier.

An der 30er Zon mat enger Vitess vun 59 Kilometer ze fueren, ass en Delit de grande vitesse. Hei verléiert een direkt 4 Punkten um Führerschäin. Donieft gëtt et net nëmmen en Avertissement Taxé, mee e Protokoll. D’Strof gëtt vum Parquet festgeluecht. Am schlëmmste Fall kann de Cyclist an dëser Situatioun souguer e Fuerverbuet kréien an dierf wéinst enger Infraktioun um Vëlo keen Auto méi fueren. Huet ee kee Führerschäin, da gëtt dat vu fiktiven 12 Punkten ofgezunn. Dëst spillt eng Roll, wann een duerno en Autosführerschäi mécht.

Aktuell gi Cyclisten nach relativ rare sanktionéiert, well Radaren éischter u motoriséiert Gefierer ugepasst sinn. An awer sollt ee sech un d’Vitesslimitatiounen halen, well och als Cycliste kann et deier ginn a mat bal 60 an enger 30er Zon gëtt et net nëmmen deier, mee et stellt een och eng reell Gefor duer. Reegelméisseg mécht d’Lëtzebuerger Police dowéinst och spezifesch Kontrolle vun der “Mobilité Douce” zum Beispill a Foussgängerzonen.

Back to Top
CIM LOGO