Dräi Mol d'Woch, donneschdes, freides a samschdes geet et tëscht 12 a 17.30 Auer tëscht der Escher Brillplaz an der Rockhal um Belval hin an hier.
De Service ass gratis a Studenten a Leit um CIGL chaufféieren d'Leit um Vëlo. Mat maximal 25 Kilometer an der Stonn fiert dëse Pedilac. Sollt den "Taxivëlo" Succès hunn, kéint dëse Service ausgebaut ginn.