
Den éischte Vol vun der Maschinn LX-LEB op Porto huet aus Sécherheetsgrënn no kuerzer Zäit d’Kéier gemaach an ass zeréck op Lëtzebuerg geflunn, amplaz op Porto.
Wéi et am Schreiwes heescht, hunn zousätzlech technesch Kontrolle misse gemaach ginn. Wéi eng genee, gëtt am Schreiwes vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft allerdéngs net preziséiert. De Fliger wier sécher a konform mat alle Standardprozeduren nees um Findel gelant. Déi concernéiert Passagéier ginn e Freideg am Nomëtteg op en anere Vol deviéiert.
