Tunnelle Stafelter, Grouf a GousselerbiergInstallatioun vu Streckeradaren op der A7
No der Annonce vun de Streckeradaren an den Tunnelle Stafelter, Grouf a Gousselerbierg goufen e Mëttwoch schonn dräi Radaren installéiert.
Wéi scho bei de Streckeradaren op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng a beim Tunnel Markusbierg geet een dovun aus, datt se fir d’éischt an eng Testphas kommen. Dee Moment géing d’Vitess zwar gemooss ginn, ma Strofe ginn et eréischt, wann d’Radaren operationell sinn.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Aktuell géifen RTL-Informatiounen no d’Radaren a Richtung Norden an der Entrée vun den Tunnelle Stafelter a Grouf installéiert ginn, a Richtung Süden beim Tunnel Stafelter.
RTL News: Streckeradare gi bis Enn dës Joers installéiert