
Dobäi ass eise Reporter um Terrain op Mënschen gestouss, déi an dëse Krisenzäiten hir eegen Erfarungen am Alldag un der Grenz maachen.
D’Covid19-Pandemie huet dozou gefouert, dass eis Nopeschlänner nees Grenzkontrollen agefouert hunn, déi virun allem de Passage an Däitschland an a Frankräich méi schwéier maachen.
De Marc Thoma ass deelweis op skurril Situatiounen gestouss, déi en eis a sengen dräi Reportagë virun Aen féiert.
