Gutt Nouvelle vun den CFLTechnesch Problemer behuewen, den Zuchtrafic rullt nees

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg de Moie gouf et Problemer am Zuchtrafic. Um 22 Auer hunn d'CFL Entwarnung ginn.
© CFL

Zwee technesch Feeler hunn e Samschdeg fir gréisser Perturbatiounen um Lëtzebuerger Zuchreseau gesuergt. Wéi et vun den CFL géintiwwer RTL heescht, hätt et esou Feeler an där Envergure an de leschte Joren nach net ginn. Bei engem éischten Tëschefall e Samschdeg de Moie géint 8 Auer hätt sech een Haaptstroumkabel (Caténaire) an der Géigend vu Beetebuerg geléist a wier erofgefall. Nodeems dës Pann gefléckt gi wier, hätt sech eng 50 Meter weider e weidere Stroumkabel geléist an hätt d'Problemer relancéiert, sou nach d'CFL.

Um 22 Auer koum e Samschdeg den Owend dunn Entwarnung vun den CFL. Déi technesch Ekippe konnten de Problem léisen, sou datt den Zuchtrafic op de Linnen
Lëtzebuerg – Diddenuewen – Metz a Lëtzebuerg – Esch – Rodange lues a lues nees opgeholl gëtt. Et kann an den nächste Stonnen nach zu Retarde kommen.

© RTL Mobile Reporter

D'Schreiwes vun den CFL

Par la présente, nous vous confirmons la reprise progressive de la circulation des trains sur les lignes :

-Luxembourg – Thionville – Metz;

-Luxembourg – Esch/Alzette – Rodange.

Néanmoins quelques retards et suppressions pourraient encore survenir.

Cette perturbation faisait suite à un problème affectant l’installation de traction électrique survenue au nord de la gare de Bettembourg.

La durée de résolution a notamment été liée à la difficulté de localisation précise de l’origine du problème ainsi qu’aux interventions réalisées dans le respect des exigences liées à la sécurité de la circulation ferroviaire et des voyageurs.

Conscients des désagréments causés, les CFL invitent les voyageurs à consulter la recherche horaire sur le site www.cfl.lu, ainsi que l’application CFL mobile pour de plus amples informations quant aux horaires et alternatives de circulation.

Back to Top
CIM LOGO