Entreprisen entgi Gewënner a MilliardenhéichtEuropäesch E-Auto-Industrie staark vu Batterien aus Asien ofhängeg

AFP, iwwersat vun RTL
Et wier fir d'europäesch Produzenten awer nach net ze spéit. D'Batterieproduktioun wier eng laangfristeg Wett an et géif konstant un neien Technologië gefuerscht.

D'europäesch Autosproduzente si bei de Batterie fir d'Elektroautoe weider massiv vun Importer aus Asien ofhängeg. Dës Ofhängegkeet géif iwwerdeems wuessen, geet aus enger Etüd vun der Berodungsentreprise Deloitte ervir. Deemno koumen zejoert 77 Prozent vun den an europäeschen E-Autoe verbaute Batteriezellen aus Asien. 2024 waren et nach 70 Prozent.

Vun der weltwäiter Produktioun vu Batteriezelle fir d'Autosindustrie kommen nëmmen 13 Prozent aus Europa. 98 Prozent vun der europäescher Produktiounskapazitéit leien iwwerdeems an der Hand vun asiatesche Firmen.

Dobäi wier Deloitte no dovun auszegoen, dass d'Nofro no Batterië weider wäert klammen. Bis 2030 géifen an Europa knapps 28 Milliounen E-Autoe produzéiert ginn - mam entspriechende Besoin u Batterien. D'Batterie ass dobäi de wichtegste Bestanddeel vun engem E-Auto. Den europäesche Batterieproduzente géifen iwwert déi nächst véier Joer Beneficer vun am Ganzen 10,5 Milliarden Euro entgoen, wa si keng Zelle fir d'Autosindustrie sollte produzéieren.

Et wier fir d'europäesch Produzenten awer nach net ze spéit. D'Batterieproduktioun wier eng laangfristeg Wett an et géif konstant un neien Technologië gefuerscht. Et missten awer Investitiounen a finanziell Ënnerstëtzung fléissen, dat net nëmme fir d'Entwécklung, mä och fir déi éischt Joren, op deenen eng nei Technologie sech muss um Marché behaapten.

Back to Top
CIM LOGO