Sortie StengefortEng Roulotte op der A6 brennt komplett aus
D'A6 op der Héicht vun der Sortie Stengefort war e Méindeg de Moien ze evitéieren.
Duerch den Asaz vun de Pompjeeën an den Opraumaarbechten war d’Streck op dëser Plaz deels gespaart, sou dass et sech hei gestaut huet. Géint 12.45 Auer koum d’Matdeelung, datt den Accident geraumt an d’Sortie Stengefort nees op wier.
Beim Virfall gouf keng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Koler a Stengefort.
© Domingos Oliveira (RTL)
© Domingos Oliveira (RTL)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.