Déi Zuel huet d'Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Yuriko Backes, am Kader vum Weltvëlodag e Mëttwoch virun der Press genannt.
Virun deem Hannergrond war och beim Funiculaire bei der Rouder Bréck eng méi lass. Eng Handvoll Acteure waren de ganzen Dag mat Stänn present mam Zil, d'Leit fir de Vëlo ze begeeschteren.
De Leit de Vëlo méi nobréngen, dat ass och d'Iddi hannert dem Vëlosummer, deen zanter siwe Joer am Grand-Duché organiséiert gëtt. De Vëlosummer leeft dëst Joer vum 18. Juli bis de 16. August. 52 Gemenge maache mat. 14 Circuite ginn uechter d'Land proposéiert. Zejoert hätten 43.000 Leit beim Vëlosummer matgemaach an domat 13.000 méi wéi nach dat Joer virdrun, huet den Delegéierte Minister fir Tourismus Eric Thill ënnerstrach.
An awer traut sech nach laang net jiddereen zu Lëtzebuerg op de Vëlo, wéi eng rezent Ëmfro vum ACL weist. Vun den 3.700 Befroten huet bal d'Hallschent uginn, ni Vëlo ze fueren. Als ee vun den Haaptgrënn gëtt d'Sécherheet genannt. Vun deenen, déi uginn hu Vëlo ze fueren, hat all véierte schonn en Accident mam Vëlo. D'Mobilitéitsministesch appelléiert an deem Kontext un de géigesäitege Respekt am Stroosseverkéier. D'Sécherheet wier eng absolutt Prioritéit a géing mam Ausbau vun de Vëlospisten am Land eropgoen.
E Verspriechen iwwer dat sech ProVelo freeën dierft. Dat eleng geet awer net duer. Dëse Samschden organiséiert d'Associatioun eng Manif an der Stad. Gefuerdert gi méi Sécherheet a besser Infrastrukture fir d'Cyclisten.