Dës Aarbechte sollten d'Liewensqualitéit vun den Awunner an der Gemeng Luerenzweiler zréckbréngen a fir méi Sécherheet suergen.
Den neie Contournement ass 600 Meter laang an en Tunnel féiert ënnert der Eisebunn erduerch.
17,5 Milliounen Euro huet dëse Projet kascht. 50 Prozent vun de Käschte ginn vun den CFL iwwerholl. Déi aner Hallschent vu Ponts et Chaussées.