A Spuenien ass et d’Buedempersonal, dat op de Fluchhäfe streike kéint. Betraff si Barcelona, Las Palmas, Palma, Malaga a Valencia. Vun aktuellen Annulatioune ginn d’Luxair-Responsabel net aus. “Mir hu bis elo keng gréisser Perturbatioune gesinn. Mir hunn elo e Méindeg e Vol, deen op Gran Canaria lant. Dee kënnt 20 Minutte virun dem Enn vun engem vun deene klenge Streiken un. Do kann et sinn, dass et bei deem Vol zu Handlingschwieregkeete kënnt. Mir ginn awer dovunner aus, dass dat gutt verleeft. Et ass ganz wichteg fir d’Leit, dass wa se zréckkommen aus der Ouschtervakanz, datt si mat Zäiten op de Fluchhafe ginn. Am Check-In oder am Handling kéint et méi laang daueren”, esou de Gilles Feith, Generaldirekter vun der Luxair.
Als Airline versicht d’Luxair, hir Präisser stabil ze halen. “Mir wëllen net, dass eis Clientë Surprisë kréien”, esou de Gilles Feith am RTL-Interview. “Dofir kafe mir de Kerosin alt bis zu dräi Joer am viraus. Ech ginn dovunner aus, dass bis iwwert de Summer eraus guer keen Impakt op de Präis kënnt.” Fir 2027 géif et dem Luxair-Generaldirekter awer net méi grad esou gutt ausgesinn. Do kéint et zu Präisaugmentatioune kommen, wann d’Situatioun am Noen Osten sech net berouege géif. “Mir kafen och Kerosin op 102 Fluchhäfen, wou mir hifléien. Dat ass eng ganz grouss Logistik an do hu mir e puer Experten, déi dorunner schaffen”, esou nach de Generaldirekter Gilles Feith am RTL-Interview. “Mir maache keng Zouschléi op Präisser wéinst dem Kerosin. Mir wäerten elo och net vu Situatioune profitéieren, wou Leit elo Präisser an d’Luucht setzen, ouni dass d’Käschten an deem Mooss geklomme sinn.”
Trotzdeem misst een och déi indirekt Käschte kucken, esou de Gilles Feith. Hie géif dovunner ausgoen, dass den Index éischter géif erfalen. “Dat ass natierlech fir eis mat iwwer 2.000 Leit eng grouss Laascht”, esou nach de Gilles Feith. “Ech gleewen un de Lëtzebuerger Sozialmodell.”