
Op der däitscher A64 a Richtung Grand-Duché huet e Camionschauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer. De Camion gouf widder déi mëttelst Leitplank geschleidert an ass doropshin ëmgekippt.
A Richtung Grand-Duché ass d'Autobunn gespaart an a Richtung Tréier geet et just iwwer d'Pannespuer laanscht. D'Opraumaarbechten dierften e puer Stonnen daueren.