Bremsen hate sech geléistBus huet Tramsschinnen an Deel vu Strooss um Kierchbierg blockéiert
E Méindeg de Moie koum et zu engem Tëschefall um Kierchbierg, deen Auswierkungen op den Trafic an den ëffentlechen Transport hat.
Busaccident um Kierchbierg (24.6.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi et op der Plaz ausgesäit, huet de Bus e Busarrêt gesträift an e Luuchtepotto an der Rue Alphonse Weicker ze pake kritt, dono huet en e klenge Bam mat ewechgerappt. Zum Schluss huet dat schwéiert Gefier e Potto direkt an der Géigend vun den Tramsschinnen, op deenen et och stoe bliwwen ass, mat ëmgerappt. Dëse leschte Potto ass ëmgefall huet dunn och déi riets Spuer um Boulevard Kennedy, wann een a Richtung Stad-Zentrum fiert, blockéiert.
D’Leit krute vun de Mataarbechter vu Luxtram matgedeelt, datt wéinst dem Tëschefall mam Bus aktuell keen Tram kann op dëser Plaz fueren. © Patrick Greis
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Deelweis goung de Réckstau zeréck bis op d’Tréierer Autobunn respektiv d’Nordstrooss. Kuerz viru Mëtteg koum dunn d’Nouvelle, datt d’Plaz geraumt wier a fir den Trafic nees normal géif opgoen.
Vun der Police si mir op Nofro gewuer ginn, datt sech wuel duerch en technesche Probleem d’Bremse vum Bus geléist hunn an dësen ouni Chauffer erofgerullt ass. Weider Detailer ginn den Ament nach gepréift.
Bus blockéiert Tramsschinnen an Deel vu Strooss beim Auchan um Kierchbierg
E Méindeg de Moie koum et zu engem Tëschefall um Kierchbierg, deen Auswierkungen op den Trafic an den ëffentlechen Transport hat.