
An Echtzäit moossen, wéi vill Autoen duerch eng Strooss fueren a wéi dacks sech un d’Vitess gehale gëtt oder eeben net, dat ass d’Iddi hannert Smartcitizens.lu. Eng Biergerinitiativ, déi vun de Stater Gréngen ënnerstëtzt gëtt an e Freideg de Moie virun der Press presentéiert gouf.
Zu Bouneweg gëtt zanter e puer Méint den Trafic an néng Stroossen analyséiert. Dat mat Moossgeräter, déi bei Bierger, déi gewëllt si matzemaachen, doheem installéiert ginn. Op enger interaktiver Kaart kann ee sech d’Donnéeën ukucken.
De Constat no e puer Méint: Dacks gëtt sech net un d’Vitesslimitatioun gehalen an et ass vill Transitverkéier. 30er-Zonen a Vëlosstroosse ginn et zwar, d’Opzeechnunge vun de Compteure géingen awer weisen, datt et an der Realitéit net klappt, seet de François Benoy, Parteipresident vun déi gréng a Stater Gemengeconseiller.
Virun der Schoul, respektiv Sportshal an der Rue Jean-François Gangler wier all fënnefte Chauffer ze séier ënnerwee. Och op de Vëlosstroosse géing sech bei wäitem net ëmmer un d’Vitesslimitatioune gehale ginn. An der Rue des Trevires zum Beispill ass iwwer Hallschent vun den Automobiliste mat iwwer 30km an der Stonn ënnerwee, verschiddener och mol mat 70km an der Stonn.
Ee Problem fir d’Awunner an och fir d’Vëlosfuerer, déi sech net sécher géinge spieren, bedaueren déi Stater Gréng. Si fuerdere verkéiersberouegend Mesuren a méi Sécherheet fir déi Vulnerabelst, also d’Foussgänger an d’Vëloen. D’Fuerderunge sinn net nei. Déi konkret Zuele sollen awer elo dobäi hëllefen, d’Verkéiersproblemer ze verdäitlechen.

Et wier duerchaus denkbar, de Projet och an aner Stater Quartieren ze realiséieren, esou de François Benoy. Si wieren och schonns vu Bierger aus anere Quartieren op d’Initiative ugeschwat ginn.
D’Resultater vun den Opzeechnunge ginn och nach eng Kéier de 14. Abrëll am Centre Culturel zu Bouneweg presentéiert.