D'Elektresch Trottinettë ginn als Transportmëttel ëmmer méi beléift. Ma och d'Zuel vun den Tëschefäll an Accidenter klëmmt. Vill Leit wëssen net, datt ee sech och mat der E-Trottinette un de Code de la Route muss halen.
Allgemeng gëllt: Wann een op der Elektrescher Trottinette am Stroosseverkéier ënnerwee ass, muss ee sech un déi selwecht Reegelen hale wéi um Vëlo:
Charles Faber, Responsabele fir d'Zirkulatioun an d'Verkéierssécherheet bei der Police: "Déi Verhalensreegele sinn zum Beispill, op wat fir engem Deel vun der Voie publique, datt se ënnerwee sinn, ob se berechtegt sinn, fir do ze fueren, wou se grad ënnerwee sinn, ob se Gebrauch maachen zum Beispill vun hire Faartrichtungsanzeiger an eeben och déi allgemeng Reegelen, déi fir alleguerten d'Teilnehmer um Verkéier hei gëllen."
Ma net just op d'Verhale gëtt gekuckt, mee och ob d’Trottinette konform ass: D’Nennleeschtung dierf nämlech maximal bei 1.000 Watt sinn an d’Trottinett dierf och net méi séier wéi mat 25 fueren. Technesch Manipulatiounen un den Trottinettë sinn allerdéngs net seelen:
Charles Faber: "Et ass effektiv e bëssen eng Plo, mat där mer am Moment ze dinn hunn, datt esou Trottinetten, déi vu Wierk aus déi Méiglechkeet hunn, fir debridéiert ze ginn, esou onerlaabterweis am Stroosseverkéier genotzt ginn. Mir hunn an deem Sënn eng Schoulung, déi mer maachen an natierlech eis Mëttel a Weeër, fir ze erkennen, ob esou eng Trottinett debridéiert ass oder och net."
D’Strofe ginn da vun enger normaler Geldstrof bis zu engem Delikt. Bei Mannerjärege kënnen a verschiddene Fäll och d’Eltere protokolléiert ginn, wann den Nowuess mat enger net konformer Trottinette ënnerwee ass. D’Sanktioune kënnen dann och Auswierkungen op de Fürerschäin hunn:
Charles Faber: "Eigentlech ass fir d'Fuere vun enger E-Trottinette op der ëffentlecher Strooss guer kee Fürerschäi virgesinn. Trotzdeem riskéiert een awer, datt een eng Geldstrof ka kréien, respektiv och, datt ee ka protokolléiert ginn, jee no der Gravitéit vun de Faiten. Et ass dann natierlech och méiglech, datt d'Justiz, déi hei zoustänneg ass, och kann nach Sanktiounen huelen, déi herno en Afloss op de Fürerschäin hunn, do mengen ech notamment e Fuerverbuet."
Well d’Zuel vun den Tëschefäll mat elektreschen Trottinetten an d’Luucht ginn, wëll d’Police och an Zukunft méi kontrolléieren. Méi Informatiounen iwwer déi genee Reegele fënnt een och um Site vun der Police.