
Wéinst der Stéierung un de Weichen zu Kautebaach koum et zu Retarden an Annulatiounen op de Linne Stad-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy a Stad-Dikrech. Dat jeeweils a béid Richtungen.
Ekippe vun den CFL hate sech ëm d’Pann gekëmmert.
Um Site vun den CFL ass entretemps keng Stéierung méi opgelëscht.