Eeschtfall am Tunnel Micheville geprouftRettungsekippen aus dem Süden an aus Frankräich um Exercice bedeelegt

Samantha Weber
Fabienne Zwally
Fir d'Zesummenaarbecht tëscht de Secouristen an den Autoritéite bei engem uergen Tëschefäll ze testen, gëtt e Sonndeg den Tunnel Micheville fir e puer Stonne gespaart.
Eeschtfall am Tunnel Micheville geprouft
Rettungsekippen aus dem Süden an aus Frankräich waren um Exercice bedeelegt.

Et ass eng Necessitéit, déi all Joers op e Neits widderholl gëtt. Am Eeschtfall gëllt et, keng Zäit ze verléieren. Fir dass jiddereen weess, wat en ze dinn huet bei engem uergen Tëschefall hei am Land, gouf den 10 Joer alen Tunnel Micheville, deen Esch-Belval mat Frankräich verbënnt, fir eng Übung vum CGDIS an Zesummenaarbecht mat der Police an dem Ponts et Chaussées e Sonndeg de Moie gespaart. All véier Joer kënnt dee selwechten Tunnel op Neits drun. 

2 Minutten no 9 e Sonndeg de Moien ass den Appell bei der Noutruffzentral agaangen. Den Zenario war kloer. Et ass gewosst vun der Übung, mee kee weess, wat en op der Plaz erwaart. Sou wéi am Eeschtfall och. Ronn 100 Persoune waren un dësem Exercice bedeelegt. 

Op der Plaz ukomm, kruten d'Rettungsekippen et direkt mat engem Accident nach virum Tunnel ze dinn, wou e schwéierblesséierte Motosfuerer loung. Doduercher war den Accès an déi Richtung net méi méiglech, fir bei de primären Accident tëscht zwee Gefierer am Tunnel ze kommen. Sou hunn déi aner Ekippen vum CGDIS missen Demi-Tour maachen an hu probéiert, fir am Contre-sens un den Accident erunzefueren. Ma och do goufe se gestoppt, well et mëttlerweil zu enger Dampentwécklung bei den Autoen, déi matenee kollidéiert waren, koum. Esou huet een missen an den aneren Tube auswäichen an am Ganzen huet een ronn 50 Minutte gebrauch, fir bei den Accident ze kommen.

Dat wier gutt, dass een esou Situatiounen an Übungen hätt, fir dass d'Ekippe léieren, wéi genee se virzegoen hunn. Bei Asätz an där Gréisst wier nämlech eppes essentiel an dat ass d'Kommunikatioun tëscht all den implizéierten Acteuren: CGDIS, Ponts et Chaussées an d'Police. Well genee dat rett herno Liewen. Alles an allem wier ee bei alle Parteien zefridden mat der Übung gewiescht an et géif een och en Debriefing mat all den Implizéierte maachen. 

Sechs Méint bréicht een, fir esou en Exercice ze preparéieren. Am Asaz waren Ekippe vum CGDIS vun Esch, Suessem-Déifferdeng, Monnerech, Schëffleng a Mamer. Och zwou franséisch Rettungsekippe waren op der Plaz. Domat konnt gläichzäiteg déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht getest ginn.

© Administration des ponts et chaussées

Back to Top
CIM LOGO