An der Nuecht op e Samschdeg hunn déi spektakulär Aarbechten op an iwwert der Diddelenger A3 ugefaangen. D'CFL zéien hei eng nei Bréck iwwert d'Autobunn, déi dono en Deel vun der neier Linn tëscht Beetebuerg an der Stad wäert sinn. Dat ass en technesch opwännege Virgang, dee prezis muss geplangt ginn an iwwer Stonnen dauert.
Dës Bréck mam Numm "OA 14" ass 200 Meter laang, 18,5 Meter breet an huet e Bou vun enger maximaler Héicht vu 40 Meter. Och beim Gewiicht brauch d'Bréck sech net ze verstoppen: Houfreg 5.850 Tonne bréngt se op d'Wo. Fir den Deplacement vun der leschter Nuecht gouf d'OA 14 schonn am Virfeld hydraulesch lues a lues ugehuewen, datt mat ronn 30 Zentimeter pro Dag. Mat engem spezielle Won, engem sougenannten Kamag, gouf se an der leschter Nuecht lues a lues a Positioun bruecht an trount elo ronn 5 Meter iwwert der Fuerbunn vun der Futur-Sechs-Spuer-Autobunn.