Iwwert de WeekendA1 op der Héicht vum Echangeur Sennengerbierg a béide Richtunge gespaart

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freidegowend bis e Méindeg de Moie wäert d'A1 op der Héicht vum Echangeur Sennengerbierg gespaart sinn.
© CITA

De Chantier fir de Reamenagement vum Echangeur Sennengerbierg geet an déi nächst Phas. Dowéinst wäert d'A1 op der Héicht vum Echangeur Sennengerbierg tëscht e Freideg (4.9.) 21 Auer an e Méindeg (7.9.) 5 Auer a béide Richtunge gespaart ginn. Dat huet d'Administratioun vun de Ponts et chaussées matgedeelt.

Deviatioune wäerte fir deen Zäitraum en place gesat ginn. D'Gefierer, déi aus Richtung Tréier kommen, wäerten iwwer de "by-pass" vum Echangeur Sennengerbierg deviéiert ginn a fir déi aus der Stad wäert et iwwer d'N1, d'N34A an d'N36 zréck op d'A1 goen.

Den Detail fannt Dir um Site vun der CITA.

Plan de déviation.pdf

Back to Top
CIM LOGO