RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Léon Gloden

Patrick Greis
Den Inneminister iwwer Alkoholkontrollen, e Chrëschtbeemchen, dee gehënnert huet, de Willibrord, dee schwätzt, d'Helene a seng mëssgléckten Hochzäitsrees
© Patrick Greis

Den Inneminister op Passage am "Café des artistes". Den Affekot a fréieren Député-maire vu Maacher verréit beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel méi iwwer Alkoholkontrollen a wéi hien als Student doheem an de Chrëschtbeemche gefall war. Et geet ëm seng Problemer mam Latäin, hien zielt wéi hien zu Iechternach an der Basilika de Willibrord zum schwätze krut an d'Septien un d'schweesse bruecht huet. Säi Wee an d'Politik awer och seng mëssgléckten Hochzäitsrees a seng Virléift fir séier Autoen an d'Helene Fischer kommen zur Sprooch.

Piano: Marc Schmidt

Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO