
A schonn erëm Vakanz mam Maître Jean-Jacques Schonckert, dës Kéier ass et am "Fro den Affekot" ëm Fotoen op der Rees gaangen.
Eng Foto virum Eiffeltuerm, e Selfie bei der klenger Mierjongfra zu Kopenhagen oder eng Pose bei der Fontana di Trevi: fir vill Leit gehéiert dat einfach zur Vakanz dozou. Mee dierf een déi Biller iwwerhaapt fräi maachen a verdeelen?
Am Prinzip jo: Fotoen am ëffentleche Raum si fir jiddereen erlaabt. Ausname ginn et awer, zum Beispill a Muséeën oder op private Plazen, wou d'Fotograféieren explizitt ka verbuede ginn.
Wichteg ass awer den Droit d’auteur. Konschtwierker wéi Skulpturen oder bestëmmte Gebaier si geschützt – an dat bis 70 Joer nom Doud vum Auteur. Alles wat méi al ass, fält an de sougenannte "Domaine public" a kann am Prinzip fräi benotzt ginn.
Eng weider wichteg Fro ass: Wat geschitt mat der Foto?
Fir privat Zwecker – also fir Famill, Frënn oder sozial Netzwierker – ass et normalerweis kee Problem. Soubal awer eng kommerziell Notzung dobäi kënnt, zum Beispill fir Reklammen oder als Influencer mat finanziellem Interessi, kann et komplizéiert an deier ginn.
E bekannte Spezialfall ass den Eiffeltuerm: Am Dag däerf en ouni Problem fotograféiert ginn. Nuets ass dat anescht – d'Beliichtung steet ënner Copyright, sou datt eng Verëffentlechung oder kommerziell Notzung verbuede ka sinn.
An e puer Länner sinn d'Reegelen nach méi strikt. An Italien beispillsweis ass d'Fotograféiere vu kulturelle Monumenter ënner Ëmstänn staark ageschränkt.
A wéi gesäit et mat "dat wosst ech net" aus? Hei gëllt de Prinzip: "Nul n’est censé ignorer la loi" – kee ka sech drop beruffen, d'Gesetz net kannt ze hunn.
Fazit: Fir déi meescht Vakanzefotoe fir de private Gebrauch besteet kee Risiko. Mee soubal Suen oder Publicitéit am Spill sinn, soll een zweemol iwwerleeën – soss kann déi schéin Erënnerung séier deier ginn.