
De Mehdi Mahmoudian, Realisateur vun enger Lëtzebuerger Koproduktioun, ass am Iran festgeholl ginn. Den Informatioune vum iranesche Portal Emtedad no konnt hie Kontakt mat senger Famill ophuelen. Déi konkret Virwërf géint hie si bis ewell net bekannt.
Als méigleche Grond gëllt e Bréif, deen de Mahmoudian zesumme mat anere Perséinlechkeeten ënnerschriwwen hat, an deem déi bluddeg Repressiounen am Iran am Januar kritiséiert goufen.
An der Kategorie “International feature Film” a “Bescht original Dréibuch” ass déi iranesch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun “Un simple Accident” nominéiert. De Film vum iranesche Realisateur Jafar Panahi hat d’lescht Joer zu Cannes d’Palme d’Or gewonnen a kann deemno och elo op en Oscar hoffen.
Am Film geet et ëm politesch Prisonéier. De Realisateur setzt sech kritesch mam politesche Regimm am Iran auserneen. Hie war selwer schonn e puer Mol wéinst senge Filmer a senger politescher Meenung am Prisong. Jorelaang duerft hien och keng nei Filmer dréinen an den Iran net verloossen.