Am Centre Prince Henri zu Walfer war um Donneschdeg déi offiziell Ouverture vun de Walfer Bicherdeeg. Gläichzäiteg goufen och d'Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis an de verschiddene Kategorië bekannt ginn.
“Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens” vum Roland Meyer (éditions Guy Binsfeld)
Dem Roland Meyer seng Erzielung baséiert op reelle Faiten: Et ass d'Geschicht vum Betty Hirschbein, dat den 10. Mee 1940, genee um Dag vun der Okkupatioun, zu Lëtzebuerg gebuer gouf. Dat klengt Betty huet seng Eltere mat zwee Joer verluer, zesumme mat senger Bomi Bluma gouf hat spéiderhin op Theresienstadt deportéiert. D'Betty huet iwwerlieft a war eng vun de leschten Zäitzeien.

Op der Shortlist waren nach dës Titelen:
“Angstvoll und leicht sehnsüchtig” vum Braslavsky, François, Kümmel a Van Wyl (Hydre éditions)
Véier Auteuren a Schrëftstellerinnen aus Lëtzebuerg, Däitschland an der Schwäiz , véier Zukunftsvisioune fir Lëtzebuerg. D’Emma Braslavsky, de Luc François, d’Anja Kümmel an de Bejamin von Wyl hunn hir “Spekulationen über Luxemburg” zu Pabeier bruecht.

Dës Bicher waren ausserdeem nach op der Shortlist Literatur:
“Temps de Trajet” vum Jessica Lopes a Charl Vinz (Point Nemo Publishing)
Home-Office, all Dag am Stau oder ënnerwee mam ëffentlechen Transport: D’Jessica Lopes an de Charl Vinz hunn sech an hirem Buch “Temps de Trajet” mat de ganz ënnerschiddlechen Erfarungen auserneegesat, déi de Wee op d’Aarbecht mat sech bréngt.

Op der Shortlist an der Kategorie Sachbuch waren nach vertrueden:

“Temps de Trajet” vum Jessica Lopes a Charl Vinz (Point Nemo Publishing)
Och wat den Design ugeet, konnt “Temps de Trajet” de Jury iwwerzeegen!
“Allerhand! Frosch und Fant” vum Bernd Marcel Gonner an Till Charlier (FGIL)
De Fräsch an den Elefant si Frënn fir d’Liewen. E Band mat wonnerbar fantasievollen Erzielungen aus der Fieder vum Bernd Marcel Gonner mat faarwegen Illustratioune vum Till Charlier.

Dernieft hat och de Public d’Méiglechkeet, fir seng Favoritten an deenen dräi Kategorien ofzestëmmen. D'Leit hunn dës dräi Bicher ausgezeechent:
Publikumspräis an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch: “A wat dréis du an dengem Rucksak?” vum Vukasinovic, Merkes a Martins (Inklusina ASBL)
Publikumspräis an der Kategorie Literatur: “Spawecken” vum Jemp Schuster (Kremart édition)
Publikumspräis an der Kategorie Sachbuch: Temps de Trajet” vum Jessica Lopes a Charl Vinz (Point Nemo Publishing)
Am Jury waren dëst Joer: Jeff Schinker, Andrée Wietor, Alexa Mores, Isabelle Mattern a Béatrice Kneip