WEC 6 Stonne Spa - Impressioune vum Samschdeg (Romain Scheffen) (11.5.24)
D'WEC 6 Stonne vun Spa gi mat 2 Stonne Verspéidung, no engem Accident vum Cadillac, BMW M4 LMGT3 mat engem Doublé vu Porsche op en Enn. De Jota Porsche mat de Startnummer 12 mat de Pilote Stevens an Ilot gewanne virum Penske Porsche mat der Nummer 6 mat de Piloten Estre Lotterer an Vanthoor. Ob de Plazen 3 a 4 fanne mer déi 2 Ferrarie vun AF Corse mat de Startnummere 50 an 51.
De Ferrari mat der Startnummer 50 mam Fuoco, deen d'Pole Positioun eraus gefuer war, gouf wéinst 136 Gramm ze mann Gewiicht no der Pole disqualifizéiert an huet esou missen e Samschdeg als Leschte vun den Hypercars den Depart huelen. Fir dann nach als staarken 3. unzekommen. An der Klass LMGT3 gewannen déi 2 Manthey Porschen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.