Spa Summer Classic (29.6.19)
Bei wonnerschéinem Wieder mat knapp ënner 30 °C war dëse Weekend de Spa Summer Classic um bekannten Ardennen-Circuit zu Francorchamps. Net manner ewéi 600 klassesch Autoen aus alle Kategorië vun ale Formel Ford 1600 an 2000, laanscht Youngtimer aus de 1970er an 1980er Jore bis hin zu den Toureween-Legenden aus der däitscher DTM mat bekannte Pilote wéi Klaus Ludwig a Kurt Thiim, déi mat hire Bouwen eng Rei vu schéine Mercedes, BMW an Alfa Romeoen iwwer d’Streck gejot hunn.
Nieft der belscher Youngtimer Trophy waren och eng ganz Partei Autoen aus England, Dänemark, Däitschland a Frankräich um Depart. Eng Onmass vun Autosmarke waren um Depart an hunn deene sëlleche Spectateure spannend Coursse gebueden. D’Haaptattraktioun war awer e Samschden den Owend um 19.00 Auer d‘3 Stonnen-Course mat 76 gestarten Autoen. Ënner hinne mat der Startnummer 33 de Mustang vum Lëtzebuerger DJAG Racing Team mat de Pilote Joel Prim, Charel Kauffman an Armand Linster. De leschtgenannten hat e Freiden am Qualifying de Mustang op déi 26. Plaz gestallt mat enger Zäit vun 3.04.635 min. Den Arm sot dat wär déi séierst Zäit, déi hie jee um Mustang zu Spa gefuer ass an hien hat gemengt, dat géing u sengen neie Schong leien. Wéinst zwou „Roud-Phasen“ hat de Joel (2 Ronnen) an de Charel nëmmen 1 séier Ronn konnte fueren.
Leider hat de Pony no enger Stonn keng Loscht méi an huet ugefaangen, mat technesche Problemer ze kämpfen, wat mat sech bruecht huet, datt no knapp 20 Ronnen d’Course eriwwer war fir d’Lëtzebuerger Ekipp. Gewonne gouf d’Course vum Équipage Wilson/Pittard virun Barbot/Matos, allebéid op Lotus Elan an dem Drëtte Sleep/Wykeham op Mustang Shelby.
Ze erwänen nach, datt bei de klassesche Monoposto mam Jean-Marie Schilling och e Lëtzebuerger op engem Lotus 69C um Départ war. Vill Spass beim Kucke vun eiser Fotosgalerie vum Jeannot Boesen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.