Season Opening beim FC Etzella (26.9.19)
E Freideg gouf den neie Sportkomplex zu Feelen ageweit. De Buergermeeschter, den Här Mergen, huet jidderengem, dee sech iergendwéi engagéiert a gehollef huet, e grousse Merci gesot. Den Agrarminister Romain Schneider huet de Sportminister Dan Kersch ersat, wat hien awer erfreet huet, well hien als fréiere Sportminister scho mat um Plang geschafft huet. E wier frou iwwert déi schéin Anlag, vun där d'Leit kënne profitéieren, an doriwwer, dass d'Kanner eng schéi Spillplaz kritt hätten. E Samschdeg de Mëtteg spillen d'US Allstars vu Feelen géint déi al fréier International Spiller. Fir d'Feierlechkeete weider ze féieren, ass e Sonndeg vun 10 Auer un déi 1. "Wikingerschach Meeschterschaft" zu Feelen um neie Komplex, wou d'Leit sech op der Plaz kënnen aschreiwen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.