Dizzy-Challenge (13.9.20)
E Samschdeg huet déi 1. Dizzy-Challenge ugefaangen. De Ralph Disiviscour an 33 aner Cycliste fuere 500km duerch Lëtzebuerg. Gestart gouf e Samschdeg de Moien, respektiv d'Ultracyclistë sinn e Samschdeg de Mëtteg fortgefuer. Si sinn entweder eenzel oder als Duo gefuer an hunn op deene respektiven Checkpoint gewiesselt.
Den Depart war zu Lalleng 7.45 Auer an d'Ultra si vu 14.30 Auer u gestart am 2-Minuttentakt. Deen 1 sot eis, säin Zil wier et just unzekommen an den Tom Karier, de Jong vum Ed Karier, deen a sengem Papp sengem Trikot vun 1978 ënnerwee ass, sot, säin Zil wier et, dass den Dizzy hien net ënnerwee géing iwwerhuelen, obwuel hie moies well um Depart war.
5 Ravien zu Bauschelt, Veianen, Géisdref, Gilsdref, Stadbriedemes, wou d'Diane Wunsch vum Télévie och ganz Nuecht souz, war preparéiert, fir de Cyclisten déi noutwenneg Närstoffer unzebidden. Géisdref war natierlech ganz besonnesch op de Been, fir hiren Dizzy an de Rick z'ënnerstëtzen. Dat gesäit een op de Fotoen.
De Buergermeeschter a seng Duerfleit si ganz houfreg op hir Ultra-Cyclisten an haten dat am Duerf gewisen. D'Dizzy-Challenge fiert fir de gudden Zweck an d'Cyclistë kommen e Sonndeg am Laf vum Dag zu Lalleng un, wou dann uschléissend den Owend eng Scheckiwwerreechung fir den Télévie ass.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.