Badminton: Virentscheedung am Championnat? (2.3.19)
Fotoen (vum Samschdeg de Moien): Val Wagner
Zu Déifferdeng an der Hal vum Fuussbann dierft den 2. Mäerz eng Virentscheedung am Lëtzebuerger Badminton-Championnat bei den Ekippe gefall sinn. Déi 2 Tabellenéischt Jonglënster an Déifferdeng hu sech 5:3 getrennt an et kann een dovun ausgoen, dass de Gewënner elo och den nächste Champion stellt, esoulaang sech Lënster um leschte Spilldag de 24. Mäerz zu Beetebuerg net iwwerrasche léisst.
Wéi zanter dëser Saison üüblech gouf och e Samschdeg en duebele Spilldag gespillt, den drëttleschte vun der Saison - moies vun 10 Auer un, nomëttes vu 14 Auer un.
12. Spilldag: Samschdeg, 2. Mäerz um 10 Auer
- Déifferdeng – Kielen
- Jonglënster – Schëffleng
- Beetebuerg – Käl
- Diddeleng – Européen
13. Spilldag: Samschdeg, 2. Mäerz um 14 Auer
- Jonglënster– Déifferdeng
- Schëffleng– Beetebuerg
- Käl – Européen
- Kielen – Diddeleng
Den Entrée war fräi, weider Infoen um Site vun der Federatioun (www.feluba.lu).
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.