Lëtzebuerger am Ausland: Paul Scheeck zu Quito (1.4.19)
Lëtzebuerger am Ausland, där gëtt et wierklech iwwerall. Mol méi no, mol méi wäit vum Grand-Duché ewech. Esou och am Ecuador an der Haaptstad Quito. Do wunnt a lieft de Paul Scheeck, an de Christian Schmit war him op senger Rees a Südamerika begéint ...
De Paul Scheeck, haut 68 Joer, deem seng Wéi zu Rammerech stoung, ass deen eenzege Lëtzebuerger am Ecuador. Seng Aarbecht a säi soziaalt Engagement goufen honoréiert. Ëmmer nees huet et hien an den Ecuador gezunn, an dowéinst gouf och decidéiert, d'Pensioun do ze verbréngen. Zu Quito, der héchstgeleeëner Haaptstad vun der Welt. 50km laang, 6 km breet op 2850 m an entouréiert vun den Anden. Impressionant!
Zemools d’Vue vun enger vum Paul Scheeck senge Liiblingsplazen, dem Mirador de Los Volcanes, no um Vulkan Pichincha, wou ee bequeem mam Teleferico op knapp 4000 m kënnt.
AUDIO: De Reportage um Radio.
Fotoen: Christian Schmit
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.