"En Tour ronderëm d'Welt": Tonga (9.3.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
D'Kinnekräich Tonga gëllt als eent vun den tropesche Paradäiser, zu deenen honnerten Atolle mat wäisse Sandstränn an haaptsächlech onberéierter an intakter Natur zielen. Direkt um Ufer läit de viktorianesche Kinnekspalais. Donieft kann ee queesch iwwer d'Insel d'Pist, op där de Captain Cook deemools gelant ass,kucken, wéi och d'Blow Hols, den Tsunami Rock an de Leaning Rock vum Kinnek.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.