"En Tour ronderëm d'Welt": St. Martin (17.1.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
St. Martin, oder och St. Maarten, ass eng Insel an der Karibik vu bal 96 Quadratkilometer, wou ronn 85.000 Leit liewen. Obwuel op der Insel haaptsächlech Englesch geschwat gëtt, ass si an 2 gespléckt, en hollänneschen an e franséischen Deel, mat 2 verschiddene Regierungen an 2 verschiddenen Wärungen, ma béid Säite liewen zum gréissten Deel iwwert den Tourismus. Eng Grenz gëtt et awer net.
Am November 2017 gouf villes duerch den Hurrikan Annie zum gréisstendeels zerstéiert a villes befënnt sech erëm am Opbau.
Fotoen: mj
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.