"En Tour ronderëm d'Welt": San Diego, USA (7.2.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
San Diego ass den éischte vun dräi Stopps an den USA. D'Stad un der mexikanescher Grenz ass eben fir déi multikulturell Bauweis bekannt, wou ee souwuel Aflëss aus der spuenescher Kolonialzäit nach huet, wéi awer och Quartieren, déi dat modernt Amerika erëmspigelen. Bal 1,5 Millioune Leit liewen aktuell zu San Diego, wou d'Wieder am Februar awer net méi esou waarm an dréchen ass, wéi mer dat nach aus der Karibik gewinnt waren.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.