"En Tour ronderëm d'Welt": Puerto Rico (19.1.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Vun den zwou méi klengen Inselen ass et op den nächste Stopp, op Puerto Rico gaangen. Bal 9.100 Quadratkilometer ass d'Insel,déi als Territoire, net als Bundesland, zu den USA zielt grouss, an hei liewen eng 3,5 Millioune Leit, dovunner knapp 2 Millioune ronderëm d'Haaptstad San Juan. D'Insel, wou och nach en Deel Reebësch existéiert, gouf vum Hurrican Maria 2018 uerg getraff an ass zum Deel nees op Opbau. An awer bitt dës karibesch-us-amerikanesch Insel villes fir Touristen.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.