"En Tour ronderëm d'Welt": Ponhere Taonga, Neiséiland (15.3.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
D'Bay of Islands mat 144 Inselen läit am nërdlechen Deel vun Neiséiland. D'Klima ass e gutt Stéck méi mëll wéi am südlechen Deel.
An der Kerikeri Missiounsstatioun, déi 1819 gebaut gouf, fënnt ee wonnerschéi Landschaften, déi d'Geschicht vun de Maori erzielen. An de 5 Naturreservater am Waipina ForestTane Mahuta kann een den 3.000 Joer ale Kauri Bam bewonneren, den zweetgréisste Bam op der Welt, ma och d'Haruro-Waasserfäll. Vun do aus geet de Wee weider op d'Insel Russel, mat der eelster Kierch vun Neiséiland an eng vun de schéinste Plazen op der Welt.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.