"En Tour ronderëm d'Welt": Melbourne , Australien (25.3.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Melbourne ass d'Haaptstad vun dem australesche Bundesstaat Victoria. Fir vill ze gesinn ass et bal net anescht méiglech, wéi mam City Circle Tram ze fueren, op deem senger Linn vill Highlighte vun der Stad, vum Marvel Stadion, iwwert d'Muséeën an Kathedral bis bei d'Flinders Street Station leien. No deem Tour kann een dann nach gemittlech laanscht de Yarra River spadséiere goen an do eppes iessen oder drénken.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.