"En Tour ronderëm d'Welt": Los Angeles, USA (9.2.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Stopp Nummer 2 an den USA ass d'Stad vun den Engelen an de Staren, Los Angeles.Vun den Nobelbutteker zu Beverly Hills bis op de Strand zu Santa Monica war alles dobäi. Obuwel et u sech 310 Deeg am Joer Sonn zu Los Angeles gëtt, war d'Wieder an der 14 Millioune Mënsche Stad wärend eisen 2 Deeg do net esou flott.
Déi grouss Figur, déi een op enger Foto gesäit ass vum Berry Flannagan a nennt sech "The Drummer".
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.