"En Tour ronderëm d'Welt": Hilo Hawaii, USA (18.2.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Op Hilo ware mer ënnert anerem e Vulkan kucken, dee fir d'Lescht am November 2018 aktiv war an deemools 800 Haiser zerstéiert hat. Donieft ware mer d'Rainbowfalls kucken, e Waasserfall, wou een och effektiv am Dag kann e Reebou gesinn. D'Insel Hilo, mat 190.000 Awunner, ass e Paradäis fir Surfer. Donieft kann een hei nach déi vill a wonnerschéin Natur bewonneren. An der Haapstad, déi de selwechten Numm huet, wéi d'Insel, liewen eng 89.000 Leit.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.