"En Tour ronderëm d'Welt": Guatemala, Guatemala City (30.1.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Eisen nächste Stopp ass Guatemala, e Land mat ronn 15 Milliounen Awunner. Méi genau hu mer eis d'Haaptstad ugekuckt, wou eng 2,5 Millioune Leit liewen, awer och de Vulkan El Fiero, deen am Juni 2018 déi leschte Kéier aktiv war. Am Land sinn ëm dëst Zäit ronn 25 bis 28 Grad, op der Küst kann et awer e bëssi méi frësch sinn. D'Temperatur si Wanter wéi Summer zimlech ähnlech, ausser datt et am Wanter méi reent.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.