"En Tour ronderëm d'Welt": Cabo San Lucas, Mexiko (3.2.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Cabo San Lucas ass eng weider Touristestad, déi un der Baja California läit. E Croisièresschëff kann hei awer net uleeën, dofir ginn d'Passagéier mat engem Boot an den Hafe bruecht. Och hei ginn et vill schéi Stränn mat Restauranten a Baren, ma nieft Waassersport kann een hei och Walewatching maachen oder Robbe besiche goen.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.