MeYouZik - Festival 2019 (14.8.19)
Fir de "MeYouZik - Festival 2019", deen e de 14. an de 15. August an der Stad ass, sinn nees e puer ganz interessant Museksgruppen dobäi.
Déi 1. an déi 3. Band, déi e Mëttwoch op der Main Stage op der Place Guillaume II waren, fënnt een vill op den Affiche vun diversen Jazzfestivallen op der ganzer Welt erëm.
Vun deenen Museksgruppen, déi den 1. Dag opgetrueden waren, huet de Jang Gaspar sech folgend erausgepickt:
"Mamadou Diabate & Percussions Mania" op der Main Stage op der Place Guillaume II.
Duerno gouf et op där selwechter Bühn "Les Tambours de Brazza".
"Bongo Hop" waren op der "Holy Ghost Stage".
An zum Ofschloss war et un "Seun Keuti & Egypt 80": Seun Keuti - Vocals, Sax, Keys.
Et gouf iwwerall ganz vill Applaus.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.