Festival Echterlive zu Iechternach - 3. Dag (13.7.19)
Um 3. Dag vum neie Museksfestival "Echter'Live" zu Iechternach, e Samschden hat ech als 1. eng Schülerband am Zelt vum "Food & Art Village".
Am Trifolion gouf et ee Klassikconcert vu Schüler aus dem CMNord Dikkrech-Ettelbréck.
Als nächst hunn "FunBrass Band" am "Food & Art Village" gespillt.
Duerno gouf do am Zelt ee Concert vun der "Filiband" déi dann och all Kéiers an den Ëmbaupausen vun der Main Stage do gespillt hunn.
Op der Main Stage war et dunn als éischt um wonnerbaren Trio "Kühn, Abou-Kalil, Cagwin":
Joachim Kühn - Piano,
Rabih Abou-Kalil - Oud,
Jarrod Cagwin - Drums
Duerno huet den "Vieux Farké Touré" ee Concert ginn.
An zum Schluss op der Main Stage war et dann um "Choco Y Sus Cómplices".
Fir deen Owend ofzeschléissen, gouf et an der "Basilika" nach een ganz flotte Concert vun "Aamar & Maurice Clement":
Aamar - Electronics,
Maurice Clement - Orgue de la Basilique
Et gouf iwwerall ganz vill Applaus
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.