E Konschtwierk, dat Hoffnung mécht (10.4.19)
D'Promotioun vum Depistage fir de Broschtkriibs iwwert de Wee vun der Konscht - en Zil, dat de Kënschtler Jacques Schneider mat méi Expoen a Wierker hat. D'lescht Joer hat hien dunn d'Iddi vun engem Opruff fir e participatiivt Konschtwierk, wou Leit, entweder direkt oder indirekt betraff, sech konnten dru bedeelegen. Resultat: E Patchwork op engem Lëtzebuerger Fändel vun 3,90 op 3,90 m an dee soll Dag fir Dag an op ganz ënnerschiddleche Plaze fir d'Preventioun an d'Fréierkennung vum Broschtkriibs sensibiliséieren.
Fotoen: Violetta Caldarelli
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.