Wandere fir den Opbau am Ahrtal (10.10.22)
1 Joer nodeems mir am Ahrtal waren fir ze hëllefen, si mir nees emol dohigefuer an hunn hir Aktioun "Wandere fir den Nees-Opbau vum Ahrtal" ënnerstëtzt. Mir hunn un der "Rotweinwanderung" deelgeholl. Mee mir sinn och net mat eidelen Hänn dohigefuer, d'Fondatioun Fräiwëlleg Ettelbrécker Pompjeeën haten e Scheck mat, fir de Pompjeeën do ënner d'Äerm ze gräifen.
Uschléissend war et eng Visitt bei der Wënzergenossenschaft.
Et ass ëmmer nach eng immens Géigend, d'Leit si frou an freeë sech, wann Touriste kommen, well si wëllen trotz der viller Aarbecht, déi nach do ass, all nees rëm Normalitéit an hiert Liewe kréien.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.