Übung Cis Bourscheid (16.08.22)
Um Dënschdeg huet de CIS Bourscheid mat hire Jugendpompjeeën den Eeschtfall geüübt. Den Exercice war e Brand an engem 1 Familljenhaus mat enger Victime. Wärend déi grouss Pompjeeën alles esou wäit preparéiert hunn a mam Otemschutz de Brand am Haus geläscht hunn, huet een Deel vun der Jugend baussen déi ugebaute Scheier mat Waasser preventiv ofgeschiermt, dass d' Feier net sollt iwwergräifen. An deen aneren Deel vun der Jugend huet sech preparéiert, fir d'Victime aus dem geläschten Haus ze biergen. D'Jugendleederin Lynn war zefridde mat der Aarbecht vun hirer Jugend. No der Übung war Material raumen an botzen ugesot an uschléissend gouf jiddereen mat Gedrénks an Iessen beschtens versuergt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.