Porte Ouverte an der Brennerei Schreiber (26.1.19)
Zënter 1920 besteet d'Brennerei Schreiber am Préizerdaul, déi schonn säit Generatiounen als Familljebetrib vun der Famill Schreiber gefouert gëtt. Fir Samschden, den 26. Januar hat de Luc Schreiber, deen d'Brennerei elo viruféiert, op eng Porte ouverte ënnert dem Motto: "Den Daul brennt" invitéiert. Vill Interesséiert, ënnert hinnen, och de Premier Xavier Bettel, waren dëser Aluedung nokomm an konnten de ganze Prozess vum Schnaps- a Likörbrennen verfollegen. Natierlech konnt en déi vill Produkter aus der Brennerei och schmaachen a nach kafen. Nieft enger Kaffistuff war och den ganzen Dag iwwer fir den Honger beschtens gesuergt.
Fotoen: Charel Reiser
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.