"O' zapft is" zu Longsdref (14.9.19)
Dëse Weekend war erëm Oktoberfest beim Faust zu Longsdref. Vill bekannt Gesichter waren nees mat um Start. Um 19 Auer goung et lass mam Apéro a wonnerbaren Häppercher, an et huet net laang gedauert du koum Z-Pur d'Museksgrupp vun dësem Joer an huet direkt mat gudder Musek opgehëtzt. Pünktlech um 21 Auer housch et dunn, O zapft is, an d'Faass gouf opgeschloen. Vun do u konnt ee sech am Restaurant Plaz huelen an direkt huet Z- Pur Gas ginn,an d'Leit hu matgesongen, gedanzt a gefeiert. Duerno ass de Buffet opgemaach ginn an do konnt d'Häerz just nach laachen. Vun der Schwéngshax mat Püree a sauerem Kabes, iwwer Fleeschkäs hin zu der wäisser Wurscht jee eben alles wat zu sou engem Bayreschen Owend dozou gehéiert. D'Stëmmung war grandios, jiddereen huet mat jidderengem gedanzt a gesonge bis Feierowend.
Alles an allem e gelongene Samschdegowend.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.