Konferenz iwert Kriibsfuerschung a Bluttkrankheeten (4.3.24)
D’Gemeng Noumer an Zesummenaarbecht mat dem Organisatiounscomité Télévie Noumer 2024 haten de Méinden 4.Mäerz zu enger Konferenz iwwert Kriibsfuerschung a Bluttkrankheeten an de Paschtoueschhaff zu Kruuchten agelueden.
No der Begréissung duerch Buergermeeschtesch Sophie Diderrich huet d'Diane Wunsch (Coordinatrice vum Télévie) iwwert d'Organisatioun vum Télévie geschwat.
Duerno war et um Dr.Guy Berchem iwwert Kriibsfuerschung an un der Madame Marianne Thoma iwwert de Plooschter-Projet ze informéieren. Natierlech konnt een duerno och nach Froen un d'Referente stellen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.