Fierkelsmaart zu Rammerech (7.4.19)
De Sonndeg de Moien um 11 Auer huet d’Gemeng Rammerech am Réidener Kanton am Kader vum 40. Joresdag vun hirem Bestoen nees eng al Traditioun opliewe gelooss: de Fierkelsmaart. Bei herrlechem Fréijoerswieder si vill Leit op Rammerech bei d’Gemengenhaus komm, fir zesummen ze iessen, ze schwätzen a kleng Akeef vu regionale Produkter ze maachen.
Eng Rëtsch Veräiner a Privatpersounen hunn hir Wierker an hir Wueren ausgestallt. Donieft konnt een och Déiere gesinn: Hénger, Gänsen, Ardennerschof an, wéi kéint et anescht sinn, Fierkelen.
Fotoe vum Eric Heimermann
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.