Ballon Buurschent (21.05.23)
De Kommitee vum Buerschter Schlass huet sech eppes extras ausgeduecht. An zwar hu si sech e Heissluftballon bitze gelooss. Kuerz no 20 Auer gong et um Sonndeg du lass, auspaken, opstellen a fléien vun der Buerschter Millen aus laanscht d'Schlass, an eng kleng Stonn mi spéit gutt zu Feelen gelant. Uschléissend goufen déi 2 Passagéier gedeeft a mat engem Patt op de gelongene Vol gouf den Owend zu Enn bruecht.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.