5. Editioun vum Ford Mustang Meeting zu Munneref (12.-13.10.24)
Déi fënneft Editioun vum Ford Mustang Meeting, organiséiert vum Ford Mustang Club Lëtzebuerg, hat nees eng Kéier e grousse Succès. Net manner ewéi 560 Mustangen aus alle Generatioune waren ausgestallt um grousse Parking vun der Schoul an der Gemeng Munneref. Iwwer 10 verschidde Clibb aus Däitschland, Frankräich, Belsch, Schwäiz an natierlech Lëtzebuerg ware bei sonnegem Hierscht-Wieder bei gudder Laun an hu kräfteg Bensinngespréicher gefouert. Eng sëllege Verkafsstänn mat natierlech Mustang-Artikelen hunn hiert Geschäft opbléie gelooss.
Fir ze Iessen an ze drénke war zur Genüge gesuergt an op enger Bün ass live Country Musek gespillt ginn. Déi Responsabel vum 1990 gegrënnte Mustang Club ware voll zefridden.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.